Dateschutz

Dateschutz

Dës Säit erkläert, wéi eng Donnéeën de Club bei enger Umeldung sammelt, firwat, wien se gesäit a wéi laang se opbewaart ginn.

Wat gesammelt gëtt

Bei enger Umeldung als neie Spiller gëtt Folgendes ugefrot:

  • Numm, E-Mail, Telefon a Wunnadress vun engem Elterendeel oder Erzéiungsberechtegten
  • Numm, Gebuertsdatum a Schoul vum Spiller
  • National Matrikelnummer vum Spiller
  • Aart vun der Umeldung a fräiwëlleg Remarken

Firwat

D’Donnéeë ginn nëmme benotzt, fir d’Umeldung ze behandelen, d’Ekipp ze bestëmmen, Iech ze kontaktéieren, de Spiller bei der FLBB unzemellen an d’Rechnung ze stellen.

Rechtlech Basis

D’Behandlung baséiert op der Ausféierung vum Memberschaftsverhältnis an op Ärem ausdréckleche Accord, deen Dir am Formulaire gitt. D’Matrikelnummer ass néideg fir d’Affiliatioun bei der Federatioun.

Donnéeë vu Mannerjäregen

D’Umeldung gëtt vun engem Elterendeel oder Erzéiungsberechtegten gemaach. D’Donnéeë vum Kand ginn nëmme fir d’Clubaktivitéit an d’Affiliatioun benotzt an ni un aussenstoend Drëttubidder fir Reklamm weiderginn.

Wien d’Donnéeë gesäit

De Comité vum Sparta Bartreng, déi zoustänneg Trainer, an d’Lëtzebuerger Basketballfederatioun (FLBB) fir d’Affiliatioun. D’Umeldunge ginn op der Wix-Plattform gespäichert, déi de Site hostet.

Wéi laang

D’Donnéeë ginn esou laang opbewaart, wéi de Spiller Member ass, an duerno nach maximal fënnef Joer fir Comptabilitéit an Affiliatiounsgeschicht. Umeldungen, déi net ugeholl ginn, ginn no der Saison geläscht.

Benevolat

D’Zoso, mindestens eng Kéier pro Joer ze hëllefen, ass eng Konditioun vun der Memberschaft, déi de Club festleet — keng fräiwëlleg Zoustëmmung am Sënn vun der DSGVO. Är Kontaktdonnéeë ginn dofir an enger interner Lëscht gehalen, fir Iech ze informéieren, wéini a wou gehollef gëtt.

Verantwortlechen

Tom Diederich
Boîte postale 64
L-8005 Bertrange
register@sparta.lu

Är Rechter

Dir hutt d’Recht op Zougang, Berichtegung, Läschung an Aschränkung vun Ären Donnéeën, an d’Recht, eng Reklamatioun bei der Commission nationale pour la protection des données (CNPD) anzereechen. Schreift eis dofir.

cnpd.public.lu ↗

Cookien

Wéi eng Cookien um Site gesat ginn a wéi Dir Är Wiel ännert, steet op enger separater Säit.

Cookie-Politik