top of page

Interview #4 Steve Kodesch



De Steve Kodesch ass säit 20 Joer Comités Member bei der Sparta, huet matt de Sparta Fanatics an den 00er Joren d'lëtzebueger Baskets Supporterszene matt verännert an ass säit Joren bei der éischter Equipe, ënner anerem als Team Manager, matt dobäi.

Merci Steve, dass de der Zäit geholl hues e puer Froen ze beäntwerten.


1. Wat war de prägendsten an emotionaalsten Moment deens du bis elo matt der Sparta erliewt hues?


SK: Dat waren der vill ! Net all hu matt Meeschterschaften oder Victoiren ze dinn . Mais ervirhiewen muss ech awer de Champion 2005, d'Coupefinale 2010 a ganz vill Erënnerungen vum Larrie Smith !

Mais heichémotional war och de Match am Joer 2000 géint Miersch, wou mer Gott sei Dank gewonnen hunn an dunn net oofgestiegen sinn.


2. An den 00er Joren waars du mam deemolegen Fanclub Fanatics bekannt an der lëtzebuerger Basketswelt fir zesummen matt de Spartabléiser fir grandios Stëmmung ze suergen. Wéi gesäis du d'Entwécklung vum Support wanns de deemools matt haut vergläichs (club intern an am Grousse Ganzen)


SK: No de Fanatics hunn sech nach d'Drummers vun Diddeleng gegrënnt an mer hunn eis mat hinnen an den Ettelbrécker fatzeg Stëmmungsschluechten geliwwert ! Mir sinn méi aal ginn mais no eis sinn net méi vill Jonker komm déi supporten wollten !

Och an aneren Verainer war iwwer laang Joren kee méi ze fannen !

Dunn koumen fir eng kurz Zait d'Companeros vun de Pikes an bis op eemol eis Spartinaikos !!! Waat ech natirlech immens fannen an mech immens frou mecht !!! D'Relève ass endlech do !!!!


3. Wat zeechent d'Sparta als Club aus?


SK: Waat d Sparta auszeechnet ass fir mech den Zesummenhalt, den ech iwwer all déi Joren erliewt hunn . Op jonk oder aal, jiddereen huet geliewt oder liewt nach ëmmer fir eise Veräin !!!

Et muss jo eppes un der Sparta dru sinn, well ganz vill Spiller, déi vun der Sparta fortgang sinn, sinn fréier oder spéider ënnert irgendenger Form nach bal all zeréck komm!


4. Wéi gesäis du d'Entwécklung vum Club iwwer déi lescht 20 Joer? Wat huet sech verännert? Am Positiven, mee vielläicht och am Negativen?


SK: D'Entwécklung vum Club ass ganz intressant! Ech hoffen, an et gesäit ee jo och, dat eisen Sparteensprojet sou lues Friichten dréit, a mer elo eng éischt Ekipp do stoen, hunn déi sech zu 110 % mam Veräin identifizeiert!

Wou mer mussen oppassen ass, datt de Veräin sou grouss ginn ass an een d'Leit net méi alleguer kennt an dofir kann och d'Bindung zum Veräin e bessi leiden !


5. Du bass elo 20 Joer bénévol bei der Sparta dobäi an et kommen der wuel nach mindestens nachemol souvill dobäi: Wat ass deng gréisste Motivatioun fir d'Bénévolat esou viirbildlech ze liewen a wat sees de deene Leit, déi vielläicht zécken sech bénévol ze engagéiren?


SK: Jo ech sinn elo 20 Joër am Comité, ginn awer schon vill méi lang d'Sparta kucken !

Waat mech motivéiert ?

Ech man et einfach gär, stelle mer keng Froen an machen et fir mäi Club ! Et ass einfach génial wann den Atert voll mat jonke Spiller a Spillerinnen ass, wann eis éischt Ekippen fir Emotiounen an den Tribünen suergen an et ass dach enorm flott, wann mer déi grouss Tournoien an Atert hunn an mer all zesummen fir eise Veräin schaffen!

Et sinn natirlech och munchmol schweier Momenter dobaä mais et sinn awer déi vill positiver déi hänken bleiwen !

Déi Leit, déi zécken fir sech am Bénévolat ze engagéieren, sollen et einfach mol probéieren a se wäerte gesinn, wéi flott et ka sinn ! Et léiert een nei Leit kennen an och wa mer vill schaffen alleguer, sou laache mer awer och grad souvill an hunn och mol lëschteg geselleg Momenter !!!


6. Eis Hären Equipe huet an de leschte Joren den Embroch lues a lues emgesat - wéi gesäis du dës Entwécklung a wéieng Ziler an Erwaardungen hues du als Comitésmember an awer och als Supporter un déi jonk Equipe?


SK: Ech gesinn déi Entwecklung immens positiv! Mer hunn eng richteg gudd a jonk Ekipp matt ville Spiller déi an eisem Verain grouss ginn sinn !

Irgendwann ( ech hoffen et dauert net ze laang) wier ech natirlech frou wann mer mat dëser Ekipp kënnen en Titel op Bartréng bréngen ! Mer brauchen alleguer déi néideg Gedold an dann sinn ech iwwerzeegt, dass dat wäert sou kommen !


7. Wanns du misst eng Allstar Starting 5 an e Coach auswielen aus där Zäit wous du dobäi bass, wéi giff déi ausgesinn?


SK: Dat do ass ganz sauer !

Bei den Amien ass et kloer den Larrie Smith an den Kasey Ulin !

Ech kann keng 5 de base opstellen ! Dat ass net méiglech.

Mir hate wonnerbar Spiller hei !


Mike Feyder

Sohrab Ziai

Tommy Wagner

Christophe Baustert

Pit Hoffmann

Chris Wulff

Fabio Palumbo

Jean de Marchi

Julien Hublart


Ech hunn der nach bestemmt vergiess !

Spiller dei Kollege gi sinn wéi den Arendt Frank, Backes Pierre an Claude Logelin.

Bei de Coachen ass et genee sou schwéier!

Toni Ostojic , Olaf Stolz , Michel Baiverlin, Philippe Giberti.


E flotten Erënnerungsvideo vum leschte Match am alen Atert (2008) fënnt een hei:

https://youtu.be/9o04QOje4bA


Merci Steve fir dësen Interview.

53 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page