top of page
  • cf

Pol Schwartz ends his playing career

Pol Schwartz informed the team this week that he will stop his basketball career next season to focus on his studies and to fix other priorities. Pol played his whole career for our club and was member of the first team over the last 8 years. Pol is highly respected by every member of the club due to his work ethic, dedication for the club and his team and just to be a fantastic character that will be missed in the first team. We wish you all the best for the future and hope to see you many times in Atert next season.

Sparta.lu asked Pol to answer some questions:


1) No 17 Joer als Spiller am Club hues du dech entscheed opzehalen. Wat huet den Ausschlag fir dës Decisioun ginn?


An all deene Lockdownen hat ech Zäit nozedenken an hunn gemierkt dat ech de Basket net sou richteg vermësst hunn an en och net méi meng 1. Prioritéit ass. A mat mengen zukünftegen Studien hunn ech lo decidéiert meng Basketschong no 17 Joer bäi der Sparta un den Nol ze hänken.


2) Wat waren déng "Highlight Momenter" op der Sparta?


Ech hat ganz vill schéin Highlight Momenter op der Sparta. An der Jugend hunn mir zahlreich Championstitelen an och e puer Coupen an der Coque gewonnen. Dozou kommen nach déi international Tournoien (sief et zu Le Portel oder zu Wevelgem) déi mir gewonnen hunn. Mee och 2011 d'Sparta-Rees an Amerika wäert ech mäi Liewe laang net vergiessen. Bei den Hären waren et dann déi verschidde Kämpf fir an d'Playoffs ze kommen an och d'Coupe Hallef-Final 2019.


3) Wat gëtt den Equipesport, an eisem Fall de Basket, engem jonke Mënsch? Wéieng Erfahrungen mëcht ee fir d'Liewen?


Ech mengen et léiert een ganz vill fir d'Liewen duerch de Basket. Et entwéckelt een Teamgeescht, als Equipe zesummen ze agéieren an dat Soziaalt spillt eng grouss Roll. Dozou kennt och nach dat een léiert ze gewannen an ze verléieren an wéi een domat ëmzegoen huet. Dat ass eng wichteg Lektioun fir d'Liewen an och ni opzehalen mat kämpfen egal wei schwéier et ass. Alles dat sinn Erfarungen déi engem am Liewen zegutt kommen. Awer dat Allerwichtegst fir mech ass, datt een sech Kolleegen fir Liewen mëscht!


4) Gesäit een dech rem geschwënn an enger anerer Funktioun bei der Sparta? Wéi gesinn deng Zukunftspläng aus?


Ech wäert mech an Zukunft op meng Studien konzentréieren a kucken wou d'Rees mech hiféiert. Dofir halen ech och elo lo mol e bëssen Distanz zum Basket an hu lo net direkt wëlles eng aner Funktioun bäi der Sparta ze iwwerhuelen. Mee et wäert een mech awer definitiv nach ëfters Samschdes um Comptoire am Centre Atert erëmfannen.

5) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun eiser Equipe an de leschte Méint? Wéi gesäis du d'Perspektiv?


Menger Meenung no hunn mer e grousse Schratt an déi richteg Richtung gemaach an d'Entscheedung ouni Auslänner ze spillen war absolut richteg. All Eenzelen huet sech an deenen leschten Méint weiderentwéckelt, konnt Erfarungen sammelen an och Responsabilitéit iwwerhuelen, wat anescht net den Fall gewiescht wier. Nei jonk Spiller konnten an d'Equipe integréiert ginn an de Coaching Staff huet e gudden Job gemaach. Och wann et net zu ville Victoiren komm ass, hunn mir eis als Equipe verbessert a wichteg Lektiounen fir d'Zukunft geléiert.









623 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page