Événement
Weltklasse-3x3 zu Bartreng
Beim 3x3-Tournoi zu Bartreng stoungen e Samschdeg dräi Ekippen aus den Top 40 vun der Welt um Terrain, d’Nummer 6 vun der Weltranglëscht an en Olympiasieger vu Paris.
Den 3x3-Tournoi zu Bartreng, organiséiert vum Victor Stein an de LBBL-Spiller vum Sparta, huet e Samschdeg e puer vun de beschte 3x3-Spiller vun der Welt op Bartreng bruecht.
Um Terrain stoungen dräi Ekippen aus den Top 40 vun der Weltranglëscht, d’Nummer 6 vun der Welt an en Olympiasieger vu Paris.
E grousse Merci un d’FLBB, un d’Gemeng Bartreng an un all eis Sponsoren fir hir Ënnerstëtzung. Ouni si wier den Dag net méiglech gewiescht.
Nächst Joer si mir um selwechte Site erëm do, a méi grouss.