Men A · Matchbericht
Sparta ënnerläit hauchdënn géint Etzella Ettelbruck (78:79)
Den Etzella Ettelbruck gewënnt eréischt an de leschte Minutte mat 79:78 géint de Sparta - AJ John (22 Punkten) war deen Owend de bäschte Scorer.
Update mam ganze Spillverlaf: den Etzella Ettelbruck huet sech eréischt an den allerleschte Minutten mat 79:78 duerchgesat.
De Sparta ass gutt an d'Partie komm an huet den éischte Véierel mat 19:15 fir sech entscheet. Den Etzella huet awer am zweeten Véierel zréckgeschloen an ass mat 42:40 an d'Paus gaangen. No der Paus huet de Sparta nees Gas ginn: bis op 60:50 louch d'Ekipp virop, ier den Etzella de Véierel nach op 60:56 zesummegeholl huet.
Am leschte Véierel gouf et dann e richtege Krimi. De Sparta louch mat 76:71 laang gutt virop, den Etzella koum awer Punkt fir Punkt erun a glach mat zwou Freewürf vum Philippe Gutenkauf op 78:77 aus. Den entscheedende Kuerf louch beim Billy Ray Mc Daniel Jr., deen an de leschte Minutten dat lescht Wuert hat - 78:79. De Sparta krut duerno keng gutt Geleeënheet méi fir ze äntweren.
Bescht Scorer fir de Sparta: AJ John (22 Punkten, dovunner eleng 11 am leschte Véierel), Max Logelin (17) a Jaarvis Williams (17). Bei den Etzella waren et virop den Deantonie Gordon an den Travis Henson, an den Tim Schomer mat zwee wichtege Dräier am leschte Véierel.
Enken Match, deen esou gutt weist, wéi virbereet béid Ekippen an déi nei Saison ginn. Merci un allen, déi haut den Ëmweg op d'Centre Sportif Atert gemaach hunn.