top of page

Merci NICK !


Lescht Saison goung eng grouss Ära zu Enn.

No iwwer 12 Joer am Déngscht als Trainer vun den Prépoussins bei eisen Sparteens soen mir dem NICK Äddi! Den Nick hëlt seng verdéngten Pensioun.

Iwwer 140 aktuell an fréier Prépoussins zesummen mat hiren Elteren hunn him bei enger klenger awer emotionaler Feier Äddi gesot.

Mat esou Leit wei dem Nick ass d'Sparta net ze schloen. Hien huet et ëmmer verstanen dass Atert Samschdegmoies an Flamen stoung an dass iwwer 500 Kanner an all deenen Joren immens Spaass haten.

Den Nick hannerléisst en grousst Lach, mee et geet virun mam Sparteens Programm Samschdegmoies am Centre Atert.

MERCI NICK !!!

156 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page