Léif Spartaner, 

Déi aktuell sanitär Kris geet leider och net laanscht eis SPARTA ! Wéi vill aner Veräiner leiden mir als Sportsveräin extrem un der aktueller Situatioun. Eisen groussen Jugendturnéier, eng vun den Haaptgeldquellen iwert d’Joër, wéi och vill aner Turnéier oder Fester hunn missten ofgesot ginn. En Club wéi eisen, deen immens vill lafend Käschten huet, leit besonnesch ënnert esou enger Situatioun déi mer eis alleguerten virun en puer Méint net hätten kënnen virstellen.

Kee Mënsch weess wéi et weidergeet, mee och wann mer finanziell Reserven hunn, esou fänken mer awer un ferm ze leiden.

Mir maachen duerfir en waarmen Appell un eis Sympathisanten, Spiller an Elteren fir eis finanziell ze ënnerstëtzen, dass mer dës schwéier Zäit kënnen ouni gréisseren Schued iwwerstoen an dass mer virun allem d’Qualitéit vun eiser Ausbildung fir eis Kanner kënnen bäibehalen, esoubal et erëm lass geet.

Et ass eis awer gläichzäiteg wichteg eis laangjäreg Partner an Sponsoren net ze vergiessen. Och vill vun hinnen hunn finanziell gréisser Aboussen.

Mir starten dowéinster eis Campagne „One Team- Zesumme staark since 1935“ wou dir ärem Veräin an zäitgläich eisen Partner kennt weiderhëllefen z’iwwerliewen. Bei eisen Proposen gin mer dann en Deel weider an Form vun Bongen, déi mer bei eisen Partner kafen, an déi dir dann kënnt bei hinnen aléisen.

All klengen Geste ass fir eis wichteg. Mir brauchen är Solidaritéit  fir dass d’Sparta an den Sparteens Projet weider kann esou lafen wéi bis elo.

Kuckt Iech ons Proposen un. Et ass bestëmmt eppes fir Iech dobäi. Sollt der näischt do fannen an eis awer wëllt ënnerstëtzen dann sinn mer iwwert all klengen Don op eisen Kont BCEE LU80 0019 2000 0105 3000 mam Vermirk Zesumme staark since 1935 dankbar. En groussen Merci am Numm vun eisen 300 Spiller an bleift alleguerten gesond. Bis hoffentlech geschwënn.

Frank Arendt

Präsident BBC SPARTA BARTRENG

Online-Shop

All items can also be purchased via direct-transfer or VISA. Follow the instructions in the Online-Shop below.

Every supporter will automatically participate in our  draw and can win the Spartadinner for 2 persons (drinks included)

Only for donations:

If you don't want to buy something but still want to support us, you can make a donation to the following Account BCEE LU80 0019 2000 0105 3000. As reference please write 0008/Sparta Support.

Thank you

asport.png

Results

link to flbb

BBC Sparta Bertrange A.s.b.l.
Boite postale 64
L-8005 Bertrange

© 2019 by Sparta Bertrange. created by "Tom Diederich | Elisa Mura"

BBC Sparta Bertrange a.s.b.l.

  • Facebook
  • Instagram

quality basketball education

0