top of page

Welcome back Mister President!

Den BBC Sparta Bartreng ass frou kennen matzedeelen, dass den Romain Hoffmann op der nächster Generalversammlung (den 29. Juni 2021 am Centre Atert) fir den Posten als President kandidéieren wäert.


Den "Fox" war schonn emol President vun der Sparta an huet den Veräin deemools op ganz zolidd Schinnen gesat an et konnten ënnert senger Regie vill Erfolleger gefeiert ginn.


No dem Récktrëtt vum aktuellen President Frank Arendt well den Fox, -zesummen mat dem ganzen Comité- hëllefen, déi gutt Aarbecht déi an den leschten Joren gemaach gouf weider auszebauen an d'Sparta Bartreng en gutt Stéck no fir ze bréngen.


Den Challenge wäert sinn, fir no der Pandemie prett ze sinn an mat Hëllef vun eisen talentéierten Spiller an Spillerinnen an dem gesamtem Sparta-Staff Titelen op Bartreng ze huelen!


Allez Sparta!

BBC Sparta Bartreng

Zesumme staark -since 1935-




561 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page