top of page
  • cf

New concept for our Girls section

Neit Konzept bei de Sparta-Dammen:

Déi Responsabel vum BBC Sparta Bartreng, an enker Zesummenaarbecht mat den zoustännege Coachen vun der 1. Dammenekipp an der Jugendsektioun, hunn den Entschloss getraff, de Schluss vun dëser Saison net méi op d’Verstäerkung vu Profi-Spillerinnen zeréckzegräifen. Déi aktuell dach éischter ongewëss Situatioun, sief dat sportlech, wéi och gesellschaftlech, wëll de Club elo effektiv notzen, an eisen Lëtzebuerger Spillerinnen méi Spillzäit wéi och déi néideg Méiglechkeeten zur Verfügung stellen, fir sech e.a. duerch Spillpraxis kollektiv an individuell ze verbesseren. Et sief awer ernimmt, dass d’Spillerin mat franséischem Pass Emily Leid (wat keng professionell Spillerin ass) erëm wäert matspillen. De Club huet am Ufank vun der Saison op dëss Spillerin fräiwëlleg verzicht, well de Club net wollt mat 3 Non-Jicl Spillerinnen untrieden. Nieft dëser Entscheedung huet de Club sech op d’Agenda gesat, een neit Konzept mat zousätzlechen Mesuren an der Ausbildung, wéi och bei der Fërderung am Meederchersberäich op d’Been ze stellen. Heizou gehéieren ënnert anerem adaptéiert Trainingsméiglechkeeten, sief dat op individuellem, wéi och um Ekippenniveau an een verbessert Encadrement. Dëst mat dem Zil, fir à moyen Terme um héchsten Level zu Lëtzebuerg en wichtegen Rôle kennen ze spillen, an eise villen Jugendspillerinnen eng adequat Perspektiv an eisem Veräin ze garantéieren.

Sparta Dammen, zesumme staark an d’Zukunft!!


171 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page