Gedenkfeier Eric Grand
Updated: Jul 11
Vill ze fréi an onerwaart, ass den fréieren Nationalspiller Eric Grand am Alter vun 45 Joer vun eis gaangen. Den Eric huet a senger aktiver Zäit fir verschidden Veräiner gespillt. Déi lescht Saison war den Eric nach ëmmer als Trainer fir den Lëtzebuerger Basket aktiv.
Och d’Sparta Bartreng ass an déiwer Trauer. Den Eric war an der Saison 2012/2013 an nach fir Hallschent vun der Saison 2013/2014 als Senior Assistant Coach fir Sparta aktiv.
Fir dem Eric ze gedenken, huet d‘Famill fir kommenden Mëttwoch, den 12. Juli 2023 um 17.30 Auer eng Gedenkfeier am Centre Atert zu Bartreng ugesat. Léif Spiller, Traineren an Weebegleeder, loosst eis zesummen dem Eric eng lescht Éier mat dëser Zeremonie erweisen.
Den BBC Sparta Bartreng dréckt dem Nadine an der ganzer Famill säin déifsten Matgefill aus.
R.I.P. Eric
