Garage Pirsch an Sparta Bartreng...
Gëschter waren eis Hären op Visitt bei eisem Partner der Garage Pirsch
Mat vill Freet sinn eis Spiller vum Ernest Pirsch an senger Schwester am Showroom empfaangen ginn. Mat iwwert 50 Joer Erfarung an der Automobil Branche, bitt Garage Pirsch -Concessionnaire vun den Marken Ford an Mazda- am Rahmen vum 58. Autosfestival, en groussen Choix u Modeller un. Mat engem flotten Fotoshooting ass Visitt schlussendlech op en Enn gaangen. Besicht och dir eisen Partner an loosst Iech vun den Festival Konditiounen iwwerraschen.
Zesumme staark - Garage Pirsch an Sparta Bartreng






